Coronavirus zu LëtzebuergVun 9.101 Tester waren der 47 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, weiderhin onverännert bei 110 bleift.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 47 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganze 4.650.

Vun den Infizéierte sinn der 3.793 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 44 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 246.856 Tester gemaach. An de leschte 24 Stonne goufen 9.101 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 468 aktiv Infektioune ginn a 4.072 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 23 (+2) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 1 (-2) Patient ass aktuell op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 962 (+1) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO