
Aktuell si 5 Persounen hospitaliséiert, dovunner 2 op der Intensivstatioun. De leschten Doudesfall gouf den 1. Juni gemellt.
Am Ganze goufe bis ewell 491.716 Dosisse genotzt. 6.001 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 2.190 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,60. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.