
Den US-President Donald Trump an de russesche Staatschef Wladimir Putin hunn an engem Telefonsgespréich iwwert de Krich am Iran beroden. Dat mellt de Kreml e Mëttwoch den Owend. Déi zwee Staatscheffen hätte sech bei hirem Gespréich virun allem op de Krich an der Golf-Regioun konzentréiert, sou de Juri Uschakow, e Beroder vum Kreml e Mëttwoch virun der Press. Sie hätten "der Situatioun am Iran an am Persesche Golf besonnesch Opmierksamkeet " geschenkt, heescht et weider.
De Wladimir Putin hält dem US-President Trump seng Entscheedung "fir richteg", fir d'Wafferou mam Iran ze verlängeren. Dëst géif de Verhandlungen "eng Chance" ginn an "dierft insgesamt zu enger Stabiliséierung vun der Situatioun bäidroen", sou den Uschakow.