Ordonnéiert AlkoholkontrollenVun 438 Automobilisten haten der 10 gedronk, 1 Permis fort

RTL Lëtzebuerg
Op Uerder vum Parquet sinn an der Nuecht op e Mëttwoch Alkoholkontrolle op der RN7 zu Dikrech gemaach ginn.
© RTL Archivbild

Am Ganze hunn 438 Chauffere tëscht 21.30 an 2 Auer missen en Alkoholtest maachen, och wann et am Virfeld keng Indice goufen, dass se eppes gedronk hätten.

An 10 Fäll war den Test positiv, déi och all e Protokoll kruten, respektiv mat juristesche Suitte musse rechnen. Ee Permis gouf nach op der Plaz agezunn.

Zu Suessem

Géint 1.15 Auer gouf nach ee Chauffer an de Rue de l'industrie ugehal, deen ze vill gedronk hat. Géint de Mann huet schonn e Fuerverbuet bestan, dowéinst gouf den Auto op Uerder vum Parquet sécher gestallt an et gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO