Coronavirus zu LëtzebuergVun 4.466 Tester waren der 75 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, weider bei 830 läit.
© RTL

Aktuell si 35 Persounen hospitaliséiert, dovunner 5 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 758.431 Impf-Dosisse genotzt. 440 Leit kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 582 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,24. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO