Ordonnéiert AkoholkontrollenVun 363 Automobilisten haten der 8 gedronk

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet d'lescht Nuecht, tëschent 11 an 3 Auer op dräi Plazen am Land Alkoholkontrolle gemaach, déi vum Parquet ordonnéiert waren.
© Pixabay

Kontrolléiert gouf zu Housen, an der Houschterdéckt an zu Dikrech.

Am Ganze goufen 363 Automobiliste kontrolléiert, 8 ënnert hinnen haten ze vill gedronk. 4 Leit koume mat engem Avertissement taxé dovun, 2 Mol gouf e Protokoll geschriwwen an 2 Chaufferen hunn de Permis op der Plaz missen ofginn.

Och op anere Plazen gouf e Permisen wéinst Alkohol hannert dem Steier agezunn.

  • 00.15 Auer, Merscheet, Duerfstrooss
  • 01.30 Auer, Ëlwen, rue de Wilwerdange
  • 04.20 Auer, Streck tëscht Donkels a Wanseler
  • 05.00 Auer, Rondpoint Raemerech
  • 05.50 Auer, rue d’Audun, Esch-Uelzecht

Aus dem 112-Bulletin

Op anere Plazen am Land koum et zu e puer Accidenter mat Blesséierten.

Zu Iechternach koume géint 19.30 an der Rue des Romains 2 Ween net laanschteneen. Kengem ass eppes geschitt.

Op der A13, Schëffleng an Direktioun Keel ass en Auto kuerz virun 1 Auer an der Nuecht op d'Kopp gaangen. Hei gouf eng Persoun verwonnt.

Ëm déi selwecht Zäit krute sech zu Stroossen an der Areler Strooss en Auto an ee Moto ze paken. Och hei ass ee Blesséierten ze bekloen.

Um 1.42 Auer ass een Automobilist zu Léiweng an der Rue Geespelt an e geparkten Auto gerannt a gouf verwonnt.

Kuerz virun 2 Auer ass tëscht Schuller an Dippech en Auto an e Bam gerannt. Hei gouf eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO