Coronavirus zu LëtzebuergVun 10.406 Tester waren der 153 positiv, 3 weider Persoune gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 538 läit.
© RTL Archivbild

Aktuell sinn 92 Patienten hospitaliséiert, dovunner 24 op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,01. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Den 11. Januar goufen 242 Persounen zu Lëtzebuerg geimpft. Am Ganze sinn dat elo 1.943 Leit, déi hir Piqûre kruten.

PDF: Rapport Journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO