
An de leschte Wochen ass dann och ëmmer méi dacks de Virworf gemaach ginn, dass déi versprache finanziell Hëllefe vum Staat ze spéit géifen ausbezuelt ginn an d'Betriber entspriechend Liquiditéitsproblemer hätten.
Op Demande vun der Secteur-Vertriedung huet sech d'Horesca dunn elo mat dem Aarbechtsminister Dan Kersch an dem Wirtschaftsminister Franz Fayot gesinn, fir iwwert d'Ausbezuele vum Chômage partiel ze schwätzen. A wéi et schéngt, sinn all d'Acteuren zefridden aus där Reunioun erauskomm.
Dat well de Problem wuel net onléisbar ass. Konkret geet et nämlech dorëms, dass Betriber, déi eng Demande op Chômage partiel fir hir Mataarbechter maachen, zwee Dokumenter musse presentéieren. A genau dat hätt zum Beispill fir de Mount November, ronn een Drëttel vun de Betriber net gemaach, wéi den Aarbechtsminister Dan Kersch erkläert:
„Mir hunn dat och bei eis ganz genau nogekuckt a festgestallt, dass fir de Mount November 2020, also d'Paie vum November 2020, déi Enn November ausbezuelt gi sinn, dass do ganz genau 1.473 Demanden virlouchen an dass vun deene 1.473 Demanden, der 855 schonn ausbezuelt sinn an dass 80 Dossieren nach en cours sinn. Mä mir hunn awer och festgestallt, dass 538 Betriber entweder nach keen Decompte eraginn hunn oder awer nach keng Deklaratioun gemaach hunn vun de Salariéen bei der Securité sociale, also vun de Stonnen, déi geschafft gi sinn.“
Sinn déi zwee Dokumenter bei der Demande derbäi, huet ee sech beim Staat engagéiert, dës Demande och bannent zwou bis véier Wochen ze traitéieren.
„Méi séier geet et wierklech net. Do sinn eng Rei vun administrative Prozeduren, eng Rei vu Kontrollmechanismen och nach ze berécksiichtegen. An domat ware si och zefridden. Hinne geet et drëms, dass d'Betriber net duerch administratiivt Verschëlden zwee oder dräi Méint missten d'Paie virausbezuelen. Mir hunn d'Garantie ginn, dass wann op där enger Säit Decompten plus déi Deklaratioun bei der Securité sociale gemaach ass, dass mir eis dann engagéieren, innerhalb vun zwou bis véier Wochen auszebezuelen.“
Ausserdeem hu sech béid Ministeren engagéiert, dass d'Horesca an Zukunft däerf als Observateur mat um Dësch sëtzen, wann de Comité de conjoncture zesummekënnt, esou dass si direkt un der Quell vun den Informatioune sinn an dës dann och un hir Membere kënne weiderginn.
An et gouf versprach dass all Dossier, deen zwar am Prinzip komplett ass, ma fir deen trotzdeem näischt ausbezuelt gouf, nach eng Kéier eenzel nogekuckt gëtt.
