Coronavirus zu LëtzebuergVu 6.120 Tester waren der 136 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 818 bliwwen ass.
© RTL-Archivbild

Aktuell si 3 Persounen hospitaliséiert, dovunner 1 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 560 608 Dosisse genotzt. 2 683  Leit kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 6.120 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,84. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO