Coronavirus zu LëtzebuergVu 5.833 Tester waren der 118 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 818 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell sinn 5 Persounen hospitaliséiert, dovunner 1 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 585.552 Dosisse genotzt. 4.047 Leit kruten e Méindeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 3.768 Persoune war et déi 2. Impfung.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 944 aktiv Infektiounen. 69.785 Leit gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,70. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO