
Am Abrëll 2016 hat de Staat an engem 1. Urteel "au civil" an der Klo ëm d'Projete Wickreng/Léiweng Recht kritt, dee Moment war festgehale ginn, dass de Guy Rollinger sengerzäit net Vertragspartner war.
E Mëttwoch de Moien blouf et bei den ënnerschiddleche Vuen dozou vun den zwee Affekoten.
Déi vum Guy Rollinger huet drun erënnert, dass viru ronn 10 Joer zwee grouss Projeten am Raum stoungen: engersäits dee vum Guy Rollinger zu Wickreng, anerersäits dee vum Flavio Becca zu Léiweng. De Staat hätt sech agemëscht, obwuel et privat Projete waren, deen zu Léiweng favoriséiert an hire Client dozou invitéiert, deen zu Wickreng opzeginn, huet d'Me Homo betount. De Guy Rollinger hätt direkt verstanen, dass säi Projet eng Doutgebuert wär an dowéinst acceptéiert, en opzeginn. D'Contrepartie dofir, wär e Kontrakt tëscht him, dem Staat an dem Flavio Becca gewiescht. Am juristesche Sträit géif et eben ëm d'Fro goen, ob de Guy Rollinger dee Vertrag ënnerschriwwen huet oder de Groupe Guy Rollinger.
De Staat géif soen, en hätt dee Kontrakt net mam Guy Rollinger ënnerzeechent, eng Personne physique kéint kee sou e Projet entwéckelen an den Entêtëpabeier wär de Beweis dofir, dass de Groupe Guy Rollinger de Vertragspartner war. Eng Personne physique, déi genuch Suen huet, kéint awer séier wuel sou e Projet stemmen, huet d'Affekotin gemengt, well de Groupe Guy Rollinger net d'Personnalité juridique hätt, hätt de Staat och net mat deem kënnen ënnerschreiwen. Op d'Remark vun der Presidentin vum Geriicht hin, dass an engem Bréif vu Mee 2009 vun der "Partie Rollinger" Rieds war an net vu Guy Rollinger, huet d'Me Homo erkläert, d'Partie Rollinger wär de Guy Rollinger. De Staat hätt och en neie Site fir e Projet vum Guy Rollinger sichen a fanne sollen, ma et wär net dozou komm. De Geschäftsmann hätt der selwer e puer proposéiert, mä de Staat wär ni op hien duer- an esou sengen Engagementer net nokomm.
Dogéint huet de Me Schmartz, als Affekot vum Staat, fonnt, dass deen ëmmer mam Groupe Guy Rollinger ze di gehat hätt. Et wär kloer, dass net de Guy Rollinger de Projet Wickreng maache wollt, mä d'Societéiten, déi him gehéieren.
D'Appellsuerteel ass fir den 18. Dezember.
Engem Bureau d'études no soll sech de finanzielle Schued vum Guy Rollinger iwwregens op ronn 196 Milliounen Euro chiffréieren.
RTL NEWS: "Volet Luxusaueren huet näischt mat Affär Wickreng/Léiweng ze dinn"