
Am Trafic-Info vum ACL kann ee liesen, dass et op ville Plaze schonn zu Accidenter komm ass.
Op der Escher Autobunn Leideleng Richtung Stad hat um 6 Auer en Accident fir 11 Kilometer Stau gesuergt. E puer Gefierer waren implizéiert. Bei deem Accident gouf et 5 liicht Blesséierter.
Um Scheierbierg bei Réimech war d'Strooss komplett veräist.
Tëscht Réimech an Elleng-Gare koum et géint 7.10 Auer zu engem Autosaccident mat engem liicht Verwonnten.
D'Temperature louche géint 7 Auer tëscht -6 Grad am Éislek a -3 Grad un der Musel.
D'Temperaturen erreechen am Laf vum Dag warscheinlech e Maximum vun 0 Grad. An der Nuecht op e Mëttwoch falen d'Temperaturen op bis zu -11 Grad.