Cour d'appelVertriederin vum Parquet freet Confirmatioun vum Urteel géint Tun Tonnar

RTL Lëtzebuerg
Dee war am Mee um Stater Geriicht am Zesummenhank mat sengem Lidd "FCK LXB", dat fir "Féck Lëtzebuerg" steet, fräigesprach ginn.

Enn 2018 gouf sech an deem Lidd, um Enn vun der Walcampagne, ënnert anerem un der adr an un déi Konservativ geriwwen. Den adr-Kandidat Fred Keup, de Kandidat vun déi Konservativ Joé Thein an e Mann, deen ewell e puermol wéinst Opruff zum Haass verurteelt gouf, haten doropshi Plainte gemaach.

D'Appell-Urteel gëtt de 25. Mäerz gesprach.

Back to Top
CIM LOGO