
D’USA hunn an der Nuecht op en Dënschdeg den Iran nees attackéiert. An dräi Welle wier d'Militär Attacke geflunn, heescht et vum regionalen US-Kommando. Et wier d'Revanche gewiescht fir en amerikaneschen Militärhelikopter, deen en Dënschdeg virun der Küst vum Oman erofgefall war. Dofir wier den Iran responsabel gewiescht, seet Washington.
Attackéiert goufen 20 iranesch Ziler, dorënner Loftofwier-Installatiounen, Buedem-Kontrollstatiounen a Radar-Anlage ronderëm d'Strooss vun Hormus. En US-Beamten huet der Noriichtenagence Reuters géintiwwer erkläert, et géife keng Meldungen iwwer Schied oder Blesséierter virleien. Bal all iranesch Rakéiten an Dronen hätte kënnen ofgefaange ginn.
Den Iran selwer hätt sengersäits och mat Rakéiten an Drone geäntwert. Am Kuwait, am Bahrain an a Jordanien wieren amerikanesch Militärbasen ugegraff ginn. Déi jordanesch Loftofwier hätt 5 iranesch Rakéiten ofgeschoss, heescht et vun de lokalen Autoritéiten. Aus dem Wäissen Haus heescht et iwwerdeems, dass een weiderhin un e Wafferou-Deal mat Teheran géif gleewen.
Donieft gesäit den iraneschen Ausseministère d'Golfstaaten an der "moralescher a rechtlecher" Verantwortung, Attacke vun den USA an Israel op d'Islamesch Republik ze verhënneren. D'Länner an der Regioun missten dofir suergen, dass d'Amerikaner an d'Israeeli hiren Territoire oder Ariichtungen net géifen notzen, fir "feindlech Handlunge géint den Iran ze plangen, z'organiséieren, auszeféieren oder z'ënnerstëtzen," sou de Ministère um Mëttwoch.
Den Iran wäert, falls néideg, vu sengem Recht op Selbstverdeedegung Gebrauch maachen. Als méiglech Ziler si Basen a logistesch Ariichtunge genannt ginn, déi fir Attacken op den Iran genotzt ginn.