No Asselborn-AussoenUS-Ausseminister Pompeo annuléiert Lëtzebuerg-Visitt, mee och lescht Europa-Rees

RTL Lëtzebuerg
Den Nach-US-Ausseminister huet seng lescht Auslandsrees annuléiert, geplangt war och e Stopp zu Lëtzebuerg.

Wéi et en Dënschdeg aus sengem Pressebüro heescht, wëll de Mike Pompeo enger onproblematescher Passatioun net am Wee stoen. Aus deem Grond wier déi fir e Mëttwoch geplangte Visitt bei der Nato zu Bréissel annuléiert. Do sollt den US-Ausseminister mam Nato-Generalsekretär Jens Stoltenberg zesummekommen. En Donneschdeg war nach en Treffe mat der belscher Ausseministesch Sophie Wilmès geplangt.

Do virdrun war et awer nach d'Nouvelle, dass de Mike Pompeo och eng Visitt hei am Grand-Duché annuléiert huet, sou d’New York Times. D’US-Zeitung schreift de Grond fir dës Annulatioun kéim, nodeems de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn den US-President Donald Trump hei op RTL als „Kriminellen“ a „politesche Brandstëfter“ bezeechent hat.

Back to Top
CIM LOGO