
Scho méi wéi emol huet d'ULC kritiséiert, datt bei enger Duerchschnëtts-Netto-Pensioun, déi dacks ënner 3.000 Euro läit, nach laang net all déi fleegebedierfteg an eeler Leit à même wieren, Käschten, déi pro Mount ustinn, ze bezuelen.
Dobäi kommen dann dacks nach Niewekäschten, wéi fir d'Wäsch, den Telefon oder de Coiffeur, déi aus eegener Täsch bezuelt musse ginn.
De Familljeministère hat erkläert, datt op d'mannst déi ëffentlech-rechtlech Alters- a Fleegeheemer hir Tariffer festleeë missten - wat och fir privat Bedreiwer gëllt.
Déi zoustänneg Ministesch hätt der ULC matgedeelt, datt dofir gesuergt géing ginn, datt an noer Zukunft e Vergläichs-Portal en place gesat géing ginn, wou een all d'Tariffer, déi verrechent ginn an och d'Niewekäschte kéint consultéieren.
D'ULC erënnert d'Familljeministesch an engem Communiqué un hiert Verspriechen a wëll wëssen, wéini dee Portal online goen wäert a wat genee mat Hëllef vun deem Instrument verglach soll ginn.