Wat mécht déi nei Mutatioun esou geféierlech? A wéini bréngen d’Impfstoffer eng Entspanung?
E Punkt fir Punkt mam Pierre Weimerskirch.
An de leschte Wochen ass d'Zuel vun den Neiinfektiounen zeréckgaangen. Et ass een elo um Niveau, wéi en ugangs Oktober war, do wou d'Hierschtwell an en exponentielle Wuesstem komm ass.
Ronn zwou Wochen ass Chrëschtdag elo hier, bis ewell gesäit een nach keng Hausse an den Neiinfektioune respektiv am Positivitéitstaux am Large Scale Testing. Den Effet vu Silvester an de Vakanzeretouren am allgemenge kann een um Freideg nach net gesinn.

An der Fuerschung gëtt et den Ament e grousse Konsens, datt d'Virus-Variant aus Groussbritannien méi einfach iwwerdrobar ass. Bis ewell sinn zu Lëtzebuerg dräi Fäll bekannt, allen dräi Fäll hate keen direkte Lien zu Groussbritannien, bei zwee Fäll geet een dovun aus, datt d'Infektioune bannent der Famill stattfonnt hunn, dat Drëtt war een Taxischauffer.
Den Imperial College London huet an enger Analys festgehalen, dat de B.1.1.7 de Reproduktiounstaux ëm 0.4 bis 0.7 eropdréckt, bei gläiche Mesuren.
An zwee Zenarie gëtt de méiglechen Impakt vun der Virus-Variant op Lëtzebuerg gewisen.


De Monitoring vun de Virus-Varianten zu Lëtzebuerg mécht de Staatslabo. Den Direkter vum LNS sot am RTL-Interview, datt een zanter dëser Woch ronn 10 Prozent vun de positive Fäll géif sequenzéieren, a Groussbritannien gëtt 1 vu 15 positive Fäll analyséiert an Däitschland ee vun 900. Dëse Monitoring ass eng vun de Mesuren, déi wichteg wier, fir ze verhënneren, datt dës Mutatioun sech zu Lëtzebuerg duerchsetzt.
Géif sech dës Variant duerchsetzen, musse vill méi streng Mesurë geholl ginn, fir d'Verbreede vum Virus anzedämmen.
D'EU-Kommissioun huet 300 Millioune weider Dose vu Biontech/Pfizer nobestallt, déi europäesch Medikamentenagence ass och zouversiichtlech, dass den AstraZeneca-Impfstoff nach fir Enn Januar kéint zougelooss ginn. Ausserdeem huet d'Ema erlaabt, dass am Plaz vu 5 Impfunge pro Biontech-Flacon der kënne 6 gemaach ginn.
Fir den Impakt vun den Impfungen ze spieren, muss ee breeden Deel vun der Populatioun geimpft ginn. Réischt wann ee gewësse Punkt erreecht ass, kënnt et och zu engem Knéck bei de Persounen, déi krank ginn.

