No Kritike vu GewerkschaftUEL: Minister sollt mat béide Säiten eenzel diskutéieren

Roy Grotz
Jeannot Ries
Domadder wëll de Patronatsdaachverband éischter bilateral Gespréicher féieren, wéi datt déi dräi Parteie sech zesummen un een Dësch sëtzen.
No Kritike vu Gewerkschaft
UEL: Minister sollt mat béide Säiten eenzel diskutéieren.

No de Kritike vun de Gewerkschaften um Verhale vun de Vertrieder vum Patronatsdaachverband, huet d'UEL nach eemol kloer gemaach, datt se den Aarbechtsminister Kersch an der Roll gesäit, fir op béid Säiten duerzegoen. Dat awer net méi an enger Ronn, wou déi dräi Säite beieneen un engem Dësch géife setzen, mä villméi a bilaterale Gespréicher, wou de Minister der UEL no dann d'Verantwortung hätt, fir politesch Choixen ze maachen.

Fir den UEL-President Nicolas Buck wier domat séchergestallt, datt dës Aarbechtsmethod méi effikass ass, an och all Politiséierung géif vermeiden. De facto melle sech domat d'Patronatsvertrieder aus dem Comité Permanent du Travail et de l'Emploi of a proposéieren, datt de sozialen Dialog villméi sollt an de Betriber selwer geschéien.

„Et muss jo nach erlaabt sinn iwwer nei Methoden ze schwätzen,“ esou reagéiert den UEL-President Nicolas Buck op d'Kritik vun de Gewerkschaften d'lescht Woch datt d'Patronat Tripartite géif boykottéieren. Et hätt een zu kengem Ament gesot, datt een sech aus iergendwelleche Gremie wéilt zeréckzéien.

D'Gremium vum CPTE wier net ugepasst par Rapport zu den zukünftegen Enjeuen am Aarbechtsrecht, zu dem ewéi d'Gesellschaft sech developpéiert an awer och Digitalisatioun.

Fir do a Gespréicher mat Syndikater a Patronat op de klengsten Nenner ze komme wier fir kee sënnvoll, heescht et e Méindeg de Moie vun der UEL.

Et ass bëssen ewéi wann ech mat mengem fréiere Veräi vun der Spora op d'Grenz spille gaange wären a mir hätten net 11 géint 11 gespillt, mä 11 géint 15. An mir hätten de Ball just kënne mat lénke Fouss spillen. Dat ass den CTPE am Resumé. An dee Match kënnt der net gewannen.“

Dofir wëll den Patronatsverband éischter bilateral Gespréicher féieren. Et gesäit een deen Aarbechtsminister Dan Kersch an der Roll fir op béid Säiten duerzegoen.

De Minister huet sech an déi Dossieren ageschafft. En huet vill Iddien an Detailaarbescht do gemaach. An en empfänkt dann d'sozial Partner separat. An dat ass net bei engem Sujet de Fall, mä bei 12, 13. Op all Sujet huet en seng Iddien an empfänkt eis fir driwwer ze schwätzen. An mir si fir den Dialog. An mir ginn do eis Iddie mat a mir hunn do och vill Iddien.“

An duerno géif ee Gewerkschaften empfänken. Dëst wier eng méi effikass Aarbechtsmethod, déi och Politiséierung géif vermeiden.

D'UEL gëtt an dësem Dossier en Dënschdeg um 14 Auer vun der Regierung empfaangen.

Message un d'Memberen vun der CLC

Chers Membres de la clc,

Suite aux récentes déclarations des syndicats en matière de dialogue social, je vous prie de bien vouloir prendre connaissance ci-dessous du message de l'Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL), message soutenu sans réserve par la clc et par toutes les autres fédérations sectorielles de l'UEL.

Ce message est important et les entreprises doivent désormais présenter un front uni.

Cordialement,
Fernand Ernster
Président clc

Back to Top
CIM LOGO