
Deen neisten Trend ass d’Ëmwandele vun Eefamilljenhaiser a WGen, an där Wunngemeinschafte gëtt et an der schicker Versioun, ënnert anerem och an där spartanescher, an da schwätze mer vu Cafés-Zëmmer, an deene virun allem Leit mat schwaachem Akommes liewen.
Am 1. Deel vun eiser Serie iwwer WGen, respektiv Co-Locatioune loosse mir eng Fra zu Wuert kommen, déi wéinst widderspréchleche Gesetzer a Gemengereglementer keen Akommes méi huet an och hir Wunneng gekënnegt krut.
Der Nicole Hostert hiren CV kléngt – entschëllegt den Ausdrock – esou richteg no “Merde, elo och dat nach”! D’Nicole ass e Stater Meedchen aus de Faubourgen, ka sech haut nach gutt un d’Gas-Explosioun erënneren, bei där 1976 de Pafendaller Béinchen an d’Luucht geflunn ass, a verléiert ee Joer drop seng Mamm... 9 war et der deemools al, d’Nicole hat 12 Gesëschter an ass mat 15 schaffe gaangen.
Wann d’Nicole Hostert vun hirem Liewen erzielt, vun hiren 3 Kanner, déi aus dem Haus sinn, oder dass se gescheet ass, héiert ee kee Regret! An keng Kloen! Botzfra, hire Beruff, an déi Aarbecht hätt si gär gemaach. No enger jett gesondheetleche Problemer war et, mat Certificat vum Dokter, eriwwer mat schaffen, erzielt d’Nicole Hostert, déi no 3 Joer hiert Cafés-Zëmmer zu Wëntger gekënnegt krut, an erof op Esch geplënnert ass. An e miwweléiert Zëmmer an der Rue des charbons... mat abordabelem Loyer...
“...580 Euro. Ech hu mat der Proprietärin misse streiden, fir de Kontrakt ze kréien. Ech hat mat hir ausgemaach, dass ech wärend 2 Méint Loyer a Kautioun géif bezuelen. Awer ech bräicht e Kontrakt, fir mech unzemellen. Ech hat ëmmer mail Revis! Sous condition, dass ech eng Adress hat. Ech sinn och ëmmer pénktlech op meng Rendez-vouse gaangen.”
A genee dat mam Revis ass de Problem... an dat mam "sech net dierfen umellen" ...sou déi “illegal Escher”...
“si huet mir eréischt am September e Kontrakt ginn. Ech hunn direkt op d’Gemeng ugeruff, ech hu gefrot, fir mech unzemellen, ech hu missen d’Adress soen an du seet d’Meedchen zu mir um Telefon: 'Ah Nee! 37, rue des charbons, do kritt Dir Iech net ugemellt, dat ass net dran!'”
Dass en eenzele Bail an enger Gemeng, wann et ëm Wunngemeinschafte geet, duerch e Bail commun soll ersat ginn, wëllt déi eng Säit, déi een och deels ka verstoen – op där anerer Säit huet um Enn, d’Nicole Hostert de Schwaarze Péiter... well si vu Proprietären a Gemeng ofhängeg ass...
“Fir mech bedeit dat, dass ech keen Akommes méi hunn, ech ka net méi bei den Dokter goen, fir mech ginn et gesondheetlech Problemer, et geet ëmmer méi bierg of, well ech keng Medikamenter méi hunn. Ech hu Bréiwer un den Här Mischo gemaach, un de Grand-Duc an un de Premierminister.”
Keen Akommes, also kee Revis, well kee sech fir si responsabel fillt – weder den Office social vu Wëntger, nach dee vun Esch ... also och keng Adresse de référence, also eng fir den Iwwergang, iwwer déi si hir sozial Rechter garantéiert kréich…
“d’allocation de vie chère hunn ech och elo verluer, déi wier dëst Joer duebel gewiescht, 2.600 Euro.
Dass si suggeréiert kritt, sech am Foyer Ulysse unzemellen, oder esouguer do ze wunnen, blesséiert d’Nicole Hostert, dat wéilt si op kee Fall. Si hätt ëmmer fir sech a fir hir Kanner gekämpft a wier sech an dësem Fall kenger Schold bewosst.
D'Äntwerten, déi d'Nicole Hostert bis elo op hir Schreiwes krut, hunn hir an engem Saz matgedeelt, dass een hiert Uleies un déi zoustänneg Ministèrë weider geleet hätt... hire Revis kritt d'Nicole Hostert ëmmer nach net - dat sinn elo 5 Méint an aus hirem Zëmmer an der rue des charbons muss si och eraus - an deem Haus gëtt et iwweregens fir 7 Leit just d’Kichen, mee KENG Stuff als Openthaltsraum.
Serie WGen - Deel 1: Trotz Wunneng keng Adress an ouni Adress kee Revis
Serie WGen - Deel 2: Solidarescht WG-Wunnen am Neiduerf
Serie WGen - Deel 3: Cafés-Zëmmer "De Luxe" - Eng Raritéit zu Lëtzebuerg
Serie WGen - Deel 4: Déieren erlaabt - Eng nei "Halte de nuit"