
Um spéide Méindegowend war enger Policepatrull zu Diddeleng en Autoschauffer wéinst sengem Fuerverhalen opgefall. Bei der Kontroll gouf et eendeiteg Unzeechen vun engem ze héijen Alkoholpeegel. Den Otemtest ass dann och positiv verlaf.
Bei der weiderer Iwwerpréiwung huet sech dann och nach erausgestallt, datt géint de Chauffer schonn e puer Fuerverbueter virleien. De Procureur d'État gouf kontaktéiert, deen decidéiert huet, de Chauffer festhuelen ze loossen. En Dënschdeg de Moien koum hie virun den Untersuchungsriichter.