Däitschland ass zanter e puer Deeg rëm am Lockdown. Mat Ausnam vu Supermarchéë si bei eisen Noperen all Butteker zou. Frankräich an d'Belsch ware virun e puer Wochen nach a genau där selwechter Situatioun. Eng Partie Leit aus der Grenzregioun schéngen hir Akeef elo an de Lëtzebuerger Butteker ze maachen. D'Geschäftsleit an der Stad mierken nämlech méi Presenz vun auslännescher Clientèle.
Trotz Corona-Restriktioune war déi lescht Wochen an de Lëtzebuerger Geschäfter vill lass. Och déi verkafsoppe Sonndeger ware fir Corona-Zäiten net schlecht. Eng Partie Geschäftsleit an der Groussgaass hu gemierkt, dass zum Beispill, wéi Frankräich zougemaach huet, dass vun do u méi Fransouse bei eis akafe komm sinn.
Fernand Ernster: "Also mir musse scho soen, dass den November, wou Frankräich an d’Belsch zouhaten, dass mer dat effektiv am Ëmsaz gespuert hunn. Et muss een allerdéngs och dozou soen, dass mer ganz vill Leit aus Frankräich an der Belsch hunn, déi hei zu Lëtzebuerg schaffen, an dass och déi villäicht méi hei consomméiert hunn, well se bei sech net konnte consomméieren."
An engem Akafszentrum wieren awer auslännesch Clienten net weider opgefall, wéi soss. Mä et géifen awer nach ëmmer e puer Leit als Fräizäitbeschäftegung duerch d'Geschäfter goen: "Nein, da habe ich keinen großen Unterschied gespürt. Wir haben viele Franzosen, viele Belgier, aber da habe ich nicht viel gespürt. Eher von Belgien der Seite, dass die eher am Wochenende mal da waren mit der ganzen Familie."
An Däitschland hunn d'Geschäfter e Mëttwoch zou gemaach. Vill méi Däitscher wéi soss, géif een awer lo net an de Butteker gesinn.
Fernand Ernster: "Dat hunn mir manner gemierkt, mir hate villäicht geduecht, dat géif kommen, mä et ass awer esou, dass mengen ech déi Däitsch do och eng ganz aner Opfaassung hunn. Ech mengen, wann een engem Däitsche seet, lo bleifs de doheem, da mécht en dat och.”
De Fernand Ernster huet a senge Butteker gemierkt, dass Clienten zwar manner kommen, mä wann se keimen, da géife se geziilt kafen an och méi.