D’Mechatroniker Max Bemtgen (34 Joer) a Tim Scholtes (22 Joer) sinn Deel vun der CM24-Ekipp a ronderëm d’Auer am Asaz, fir kleng bis mëttelgrouss Depannage un den Zisch ze maachen. Ma virun allem nuets hu si d’Méiglechkeet, all méiglech Boboen un de Maschinnen ze flécken.
Eng Nuecht laang hu mir déi zwee jonk Männer mat der Kamera begleet, an eng beandrockend an zugläich mysteriéis Atmosphär op de Gleiser erlieft.
Am Kader vun der Serie “Nuetsschicht” stelle mir Iech reegelméisseg Leit an Ekippe vir, déi nuets schaffen. Servicer, ouni déi d’Land net funktionéiere géif. Een Abléck hannert d’Kulisse vun der Aarbechtswelt, déi dann aktiv ass, wann déi aner schléift.