Face-à-Face: René Winkin (Fedil) vs. Tilly Metz (gréng Europadeputéiert)Mercosur: D'Fronte bleiwe verhäert

Claude Zeimetz
Iwwer de Mercosur-Accord goung et an engem Face-à-Face tëscht der grénger Europadeputéiert Tilly Metz an dem Fedil-Direkter René Winkin.

Hei gëtt guer näischt verzögert, well et vun Ufank u kloer war, datt den Handelsvolet vum Mercosur provisoresch a Kraaft triede kann, sot déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz
e Mëttwoch de Moie bei eis op der Antenn an engem Face-a-Face mam Fedil-Direkter René Winkin iwwert de Mercosur-Fräihandelsaccord. D’Decisioun vum Europaparlament, deen Accord tëscht der EU, Brasilien, Argentinien, Uruguay a Paraguay elo, nodeems e schonn ënnerschriwwen ass, nach vum Europäesche Geriichtshaff juristesch iwwerpréiwen ze loossen, gouf déi lescht Deeg jo ganz vill kritiséiert. Virop vu Wirtschaftsverbänn, déi argumentéieren, d’Europa-Parlamentarier hätten d’Zeeche vun der Zäit net erkannt. Zu deene gehéiert och de René Winkin vun der Fedil. Et wier de Géigner vun dësem Accord schonn drëms gaangen, fir de Fräihandelsaccord mat de südamerikanesche Länner nach emol op d’laang Bänk ze drécken. Dat wier e schlecht Symbol an en Zeechen, datt d’Europaparlament dat grousst Ganzt vergiess hätt. D’Fronte bleiwen op alle Fall verhäert.

Face-à-Face tëscht dem René Winkin an Tilly Metz

Win-Win oder Lose-Lose?

Duerch Mercosur géife vill onnéideg Barrièren ofgebaut ginn an Europa kéint Wuesstem a Südamerika siche goen, dee mer bräichten, fir eis Sozialsystemer ze finanzéieren, huet de Fedil-Direkter betount. An den Text am Laf vun der Zäit, besonnesch an de leschte Joren, op Drock vu baussen hin, “extrem nogebessert” ginn. Och zu Lëtzebuerg kéinten duerch den Handelsaccord nei Aktivitéiten entstoen.

Déi gréng Europadeputéiert Metz bleift bei hirer fundamentaler Oppositioun. De Mercosur-Handelsaccord wier en anachronistescht Handelsofkommes, wat an enger “Black box” verhandelt gouf a mat vill Gepléischters zustane komm wier. D’Schutzmesuren, déi geholl goufen, hätte just eng “reng Alibifunktioun” well se vill ze spéit gräife géifen.

Fir d’Politikerin gëtt et beim Mercosur och just Verléierer. An Europa an an de Mercosur-Länner, sief et um ekonomeschen, grad wéi an der Ëmwelt an an de soziale Froen. Den Drock, dee lo wéinst der geopolitescher Situatioun gemaach gouf, nennt si eng Panikreaktioun. An déi si net verfale wéilt.

Wéi geet et lo weider mam Accord?

Fakt ass: duerch d’Decisioun vun der leschter Woch kritt den ofschléissende Vott am Europaparlament iwwert den Accord Retard. No 25 Joer Gepléischters, géif et jo lo net “op e puer Méint ukommen”, huet d’Tilly Metz e Mëttwoch de Moie gemengt. Bis den Europäesche Geriichtshaff tranchéiert, kéint bis zu zwee Joer daueren. Déi gréng Lëtzebuerger Europadeputéiert hofft op alle Fall, datt den Text virum EuGH net stand hält. Dat géif si “och dräimol net verstoppen”.

Fir de René Winkin wäert d’Kommissioun an hiren nächste Schrëtt elo ganz virsiichteg missen agéieren, fir d’Europaparlament net virun de Kapp ze stoussen. Wéi grouss de Risiko ass, datt den Handelsaccord viru Geriicht duerchfält, konnt hien net bewäerten.

Wat de Fräihandelsaccord mat Indien betrëfft, deen d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an de permanente Rotspresident Antonio Costa en Dënschdeg zu New Delhi ënnerschriwwen hunn, hofft de René Winkin op alle Fall, datt deen Deal elo méi séier duerchgeet.

Ass d’Brandmauer géint Riets am Europaparlament ofgerappt?

Politesch gouf déi lescht Deeg jo besonnesch och iwwer d’Fro diskutéiert, a wéi wäit grad déi gréng Fraktioun am Europaparlament duerch de Vott vun dëser Resolutioun sech mat de Konservativen a Rietsextremen zesummegedoen hunn. Grad si, déi der EVP an der Vergaangenheet reprochéiert hätten, aus strategesche Grënn Allianze mat der Extrême droite ze sichen. Dat wier alles net mateneen ze vergläichen, sou d’Tilly Metz e Mëttwoch de Moien. Et wier een “zu kengen Ament op déi extrem Rechts” duergaangen. Et kéint een dann net e Vott dovunner ofhängeg maachen, ob net eventuell Stëmme vun deem Bord derbäi wieren.

Besonnesch bei den däitsche Grénge war et iwwert de Weekend héich hiergaangen. Bekannte Persoune wéi Cem Özedmir a Jürgen Trittin haten d’Positioun vun de gréngen Europadeputéierten ëffentlech schaarf kritiséiert. Och de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel an d’CSV haten de Grénge virgehalen, mat zweeërlee Mooss ze fueren.

De Face-à-Face ass um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO