AccidentTëscht Stolzebuerg a Pëtschent hat et e Freideg de Moie gerabbelt

RTL Lëtzebuerg
Géint 5.50 Auer hu sech zwee Autoen um CR320 säitlech ze pake kritt. Wéi de CGDIS mellt, goufen 2 Persoune blesséiert.
Accident tëscht Stolzebuerg a Pëtschent
Éischten Informatiounen no goufen 2 Persoune blesséiert

Den Automobilist, dee mat sengem Gefier vu Pëtschent koum, ass op déi aner Stroossesäit geroden an huet do en Auto gesträift, deen entgéint komm ass.

© Police

Eng vun de Persounen huet mussen aus hirem Gefier erausgeschnidde ginn, well se ageklemmt war. Béid Chauffere goufen nach op der Plaz vun de Rettungsekippe medezinesch betreit, éier se an d'Spidol transportéiert goufen.

Wärend den Opraumaarbechte war d'Streck tëscht Stolzebuerg a Pëtschent komplett fir den Trafic gespaart, dat bis ongeféier 8.40 Auer.

Am Asaz waren de Samu, d'Ambulanze vun Housen an Ettelbréck, grad ewéi d'Pompjeeë vun Housen a Pëtschent.

1 Blesséierte goufe et op der Streck tëscht Zéisseng an dem Schléiwenhaff, wéi 2 Autoen net laanschtenee komm sinn. D'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Stad waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO