Police sicht no ZeienTëscht Bungeref a Bungerëffer Mille gouf illegal Dreck entsuergt

RTL Lëtzebuerg
Tëscht dem 8. an dem 13. August goufe bei engem Bësch um CR310 ënnert anerem Holz, Këssen, Drot, Still a Fässer hannerlooss.

An deem Kader sicht d'Police elo no méiglechen Zeien. Dës si gebieden, sech bei der Police Atert via Telefon (+352) 244 92 1000 oder E-Mail op police.atert@police.etat.lu ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO