Fonds d'investissement spécialiséTaxe d'abonnement héich? Doriwwer scheede sech d'Geeschter

RTL Lëtzebuerg
D'Fonds d'investissements spécialisés, mat deenen Immobilien- an Terrainsbesëtzer hir Steieren optimiséieren, sinn an der Lescht vill am Gespréich.

Den UEL-Direkter Jean-Paul Olinger huet op Twitter op en RTL-Reportage vun e Freideg reagéiert a seet, d'Taxe d'abonnement vu 0,01%, déi déi Fonge bezuelen, applizéiert sech op de Revenu an d'Kapital. Dem Patronatsvertrieder no wier dat eng Verméigenssteier, déi däitlech méi héich wier, wéi wann et just eng Steier um Revenu wier.

De Journalist vum Land, Bernard Thomas, deen als éischt iwwer d'Problematik vun dëse Fonge bericht hat, huet doropshin op Twitter präziséiert, datt de Fong vun de Giorgetti am Joer 2017 just manner wéi 40.000 Euro Taxe d’abonnement bezuelt huet. E Brochdeel vun den 280.000 Euro, déi de Baugrupp un den Affekotebüro Arendt a Medernach bezuelt huet. De Wäert vun den Terrainen a Gebaier, déi am Fong vun de Giorgetti ass, louch 2017 bei 514 Milliounen Euro.

D'Regierung huet am Koalitiounsaccord stoen, datt se géint Abusen, déi mat de Fonds d’investissement spécialisé bedrwiwe ginn, wëll virgoen. Et ass awer nach näischt geschitt.

Back to Top
CIM LOGO