Kanner mat Méckebaatsch geschloenSuspension du prononcé fir Mamm vu Schëffleng

RTL Lëtzebuerg
Géint eng Fra, där virgehäit gouf, hir Kanner ëmmer nees geschloen ze hunn, koum et en Donneschdeg um Stater Geriicht zu enger Suspension du prononcé.
© Pixabay

Et gouf deemno wuel festgehalen, dass Feeler geschitt sinn, dofir awer keng Strof gesprach gëtt.
Zu de Faite wär et tëscht 2017 a Mäerz 2019 zu Schëffleng komm. D'Fra soll d'Kanner mat der flaacher Hand, mam Aascht vun engem Bam a mat enger Méckebaatsch geschloen an d'Meedchen an de Bouf och mat den Hoer gezunn hunn.

RTL NEWS: Mamm kritt virgehäit, Kanner mat Méckebaatsch, Aascht an Hand geschloen ze hunn

Back to Top
CIM LOGO