
Mat vollem Karachoo ass de Summer dës Woch nees zeréck. Zanter e Mëttwoch gëlle fir dat ganzt Land nees offiziell Hëtzewarnungen. En Donneschdeg kéint och den aktuellen Hëtzerekord gebrach ginn. Ma wou kënnt déi Hëtzt hier? Op wat muss ee sech an Zukunft preparéieren? An huet de Mënsch nach Kontroll iwwert d'Changement am Klima? Den Tim Morizet huet fir eis beim Lëtzebuerger Klimatologue Andrew Ferrone nogefrot.
Et ass net e Summer, ewéi een en all Joers huet, dovun ass den Andrew Ferrone iwwerzeegt. Bis ewell hat een déi héchst Temperaturen, déi een zu Lëtzebuerg gemooss huet, am Joer 2003, dee wäermsten europäesche Summer. Zu Réimech waren deemools 40,5 Grad gemooss ginn. De neie Rekord kéint dëser Deeg also nach gebrach ginn.
En Donneschdeg sollen et zu Lëtzebuerg awer an der Moyenne bal 10 Grad méi waarm ginn, ewéi a Portugal oder Spuenien.
„Ma dat huet domat ze dinn, datt en Héichdrockgebitt iwwer zentral Europa ass an d'Loft eben iwwert en anere Wee ewéi iwwert déi Länner op Lëtzebuerg kënnt. Déi Loft kënnt awer effektiv aus Afrika an zitt iwwer Italien erop.“
D'Summeren zu Lëtzebuerg ginn effektiv méi waarm. Dat beweisen Opzeechnungen, déi zanter 1838 gemaach ginn. D'Temperaturen am Grand-Duché sinn an der Moyenne em 1.3 Grad an d'Luucht gaangen. Eng Klimakris wier dem Klimatologue also net ofzestreiden.
„An et ginn och Etüden um internationalen Niveau, déi weisen, datt par Rapport zum leschte Joerhonnert, an dësem Joerhonnert, d'Hëtztwellen ëm ongeféier 4 Grad méi waarm an Europa gi sinn, ewéi dat virdrun de Fall war.“
De Risk, datt de Permafrostbuedem nees entdeet, geet och erop. An deem Fall gëtt weider CO2 an Methan fräigesat, déi d'Erwiermung vum Planéit weider ukuerbelt.
„Ma do hat de Weltklimarot an sengem Rapport am Oktober gesot, datt dee Punkt wahrscheinlech tëschent enger global Temperature vun 1,5 an 2 Grad areecht wäert ginn. Den Ament si mir bei enger globaler Temperaturaugmentatioun vun engem Grad.“
Huet de Mënsch dann iwwerhaapt nach d'Kontroll?
„De gréissten Deel vum Klimawandel ass duerch de Mënsch bedéngt. Dat heescht, datt eis Aktiounen an den nächsten 10 bis 20 Joer determinant sinn, ob mer effektiv d'Augmentatioun kënnen op 1 oder 2 Grad limitéieren.“
Et sinn nach vill Facteuren, déi matspillen, ma et géif ausgesinn, wéi wann dëse Summer weider esou waarm bleift.
„Et besteet och eng kleng Wahrscheinlechkeet, datt et ze dréche bléift. Dat ass awer nach net ganz sécher. An Zukunft erwaarde mer eis och, datt d'Hëtztwellen zouhuelen“
Ob mer dëse Summer méi Summerdeeg, also Deeg mat 25 Grad Celsius oder méi kréien, ewéi nach d'lescht Joer, do waren et der 76, also en neie Rekord, bleift nach opstoen. Ma et ass een um gudde Wee.