Prinzipiellen AccordSuez kéint vu Prezero iwwerholl ginn

RTL Lëtzebuerg
De franséische Grupp „Suez“ verhandelt aktuell de Verkaf vu Suez Lëtzebuerg, Ex Lamesch.

Wéi Paperjam e Mëttwoch gemellt huet, hätt Suez e prinzipiellen Accord scho mat Prezero, Branche vum däitsche Grupp Schwarz, ënnerschriwen.

Suez Lëtzebuerg, virdru Lamesch, Entreprise an der Offallgestioun, beschäftegt hei am Land 600 Leit. Wann alles korrekt leeft, gëtt d’Iwwernam Mëtt d’nächst Joer gemaach.

Back to Top
CIM LOGO