
Dat krute mir vum Stroumbedreiwer Creos op Nofro hi gesot. Ënnert anerem d’Gemenge Préizerdal, Viichten a Wahl waren e Mëttwoch an en Donneschdeg zäitweis ouni Stroum. Dat loung dorun, datt et kuerz noeneen op dräi verschiddene Posten den nämmlechte Materialfeeler gouf, heescht et bei der Creos. Et wier net auszeschléissen, datt d’Hëtzt hei eng Roll gespillt hätt. De Problem wier awer méi wahrscheinlech opgedaucht, well d’Material scho méi al war.
D’Material wier elo ersat an de Feeler kéint net méi optauchen.
Op der App vum Stroumbedreiwer fënnt een den Detail vun de Pannen – d’Creos mécht hei drop opmierksam, datt wann eng Gemeng indikéiert ass, net onbedéngt déi ganz Gemeng betraff wier, mee deels och just verschidde Stroossen. Déi indikéiert Dauer vun der Pann wier vun deem Moment, an deem se optrëtt, bis dee Moment an deem se ganz behuewe wier, vill Stéit hätten awer scho méi séier schonn erëm Elektresch gehat.
De Sitt vu Creos huet den Detail.
