
Eng Fra, déi sech wéinst Abus de faiblesse ze veräntweren hat, koum en Donneschdeg am Nomëtten op der Cour d'appel an der Stad op finanziellem Plang e bësse besser ewech, wéi an éischter Instanz. Du war si um Dikrecher Geriicht zu 30 Méint Prisong zur Halschent mat Sursis probatoire veruerteelt ginn. D'Oplo bestoung doran, dass si dem Affer all Mount op d'mannst 1.000 Euro bezuele géif. En Affer, dat net grad 30.000 € Schuedenersatz zougesprach kritt hat. Elo muss si "just nach" 5 Joer laang all Mount op d'mannst 500 € bezuelen.
Der Fra war virgehäit ginn, tëscht Mäerz an August 2017 zu Klierf en eelere Mann ausgenotzt ze hunn. Ënner anerem hätt si sech en Auto vu ronn 20.000 Euro schenken an eng 610.000 Euro iwwerweise gelooss, fir en Haus zu Wäisswampech ze kafen. Déi lescht genannten Zomm war saiséiert ginn an d'Affer krut déi Suen zréck.