CyclotourissemSteve Schleck soll Vëlosroutë fir den Tourismus-Ministère plangen

RTL Lëtzebuerg
RTL-Informatiounen no ass de Steve Schleck zanter en Dënschdeg Fonctionnaire am Tourismusministère.

De Brudder vun de Cycliste Fränk an Andy Schleck soll do Vëlosrouten duerch d’Land fir de Cyclotourissem plangen.

De Steve Schleck, dee fir déi Gréng zweete Schäffen zu Munneref ass, der Gemeng vum fréiere Buergermeeschter an aktuellen Tourismusminister Lex Delles, hat virdru bei der Post geschafft.

De Reseau vu Vëlospisten uechtert d’Land soll jo op 950 km ausgebaut ginn; dovu sinn der ewell 600 realiséiert.

De Steve Schleck ass iwwregens nächste Suppleant op der Ostlëscht vun deene Gréngen, fir an d’Chamber ze kommen, hannert dem Chantal Gary, dat fir den zukünftege Minister Henri Kox an d’Chamber noréckele wäert.

Back to Top
CIM LOGO