
Eng Steierreform an där souwuel d’Individualiséierung virgesinn ass, „Saache ronderëm eng gréng an ëmweltfrëndlech Besteierung dréinen“, mä awer och eng Reform vun der Grondsteier an anere Steiermesuren, fir dem Manktem u Wunnengen entgéintzewierken.
Dat huet de liberale Finanzminister e Mëttwoch bei der Presentatioun vum OECD-Rapport iwwer Lëtzebuerg annoncéiert.
Am Abrëll nach sot de Pierre Gramegna hei op RTL, et wier „nach vill ze fréi“ fir Detailer ze ginn.
Aus dem Rapport vun der Organisatioun fir Entwécklung an Zesummenaarbecht geet notamment ervir, datt am Grand-Duché all d’Signaler a Punkto Logement op Rout stinn.
D’Präisser sinn extrem geklommen an d’Paien zéien dogéint net no. Den Taux vun iwwerschëlte Stéit ass hei am Land ee vun deenen héchsten ënnert de 36 Memberstaaten. An den Deel vum Budget, dee Stéit ausginn, fir e Logementsprêt ze maachen, läit wäit iwwert der OECD-Moyenne.
Detailer vun der neier Steierreform goufen nach op Nofro hin net genannt, mä d’Logementsministesch Sam Tanson sot d’Aarbechten hätten eréischt ugefaangen. Soubal d’Grondzich feststinn, géing d’Reform grouss debattéiert ginn.
Bei der Rentrée géingen éischt Aarbechtsgruppen zesummekommen, sou nach de Pierre Gramegna. Wat d’Grondsteier ugeet, géingen am Laf vum Joer, Ufanks nächst Joer, d‘PAGe virleien, déi néideg sinn, fir d’Bemiessungsgrondlag ze berechnen.
Wéini déi granz Steierreform „2.0“ a Kraaft trëtt, steet nach net fest, dat hänkt nämlech dovunner of, wéi laang duerno de legislative Wee dauert.