
Firwat gouf wien, wéini vum Geheimdéngscht iwwerwaacht? Dat ass nëmmen eng vu ville Froen, déi ee sech erhofft hat, mat dem Opschaffe vun de SREL-Archive kënnen ze beäntweren. Dofir gouf virun zwee Joer e Gesetz gestëmmt, dat festgehalen huet, dass d'Archive vum Geheimdéngscht vun de 60er Jore bis an d'Joer 2001 misste konservéiert an historesch ausgewäert ginn.
Ma dës Missioun war nëmmen op zwee Joer begrenzt. En Zäitraum, an deem déi zwee Historiker, déi fir dës Aufgab engagéiert goufen, net usazweis mat dem Optrag vum Gesetz fäerdeg gi sinn. Dowéinst war et elo d'Fro vum Premier Xavier Bettel un déi zoustänneg Chamberkommissioun, wéi een elo soll weiderfueren, ob een den Delai fir dës Missioun z'erfëlle soll verlängeren oder net.
An d'Äntwert ass kloer, Jo. Queesch duerch d'Parteie war ee sech eens: d'Archive vum Lëtzebuerger Geheimdéngscht aus de Jore vum Kale Krich sollen anstänneg opgeschafft ginn, esou d'Fraktiounscheffin vun déi Gréng, Josée Lorsché.
„Et muss een och historesch gesinn. Mir musse jo awer wësse, wat hei am Land lass war. Et fält jo op, dass alles an eng Richtung gaangen ass. All déi Leit, déi iergendwéi lénkspolitesch engagéiert waren oder och nëmme Reese gemaach hunn an den Osten, sinn awer tracéiert ginn, anerer net. Et muss een natierlech och erausfannen, wat dat alles bedeit.“
Dofir ass et elo de kloren Appell un de Premier dat aktuellt Gesetz entspriechend unzepassen, wéi d'Fraktiounscheffin vun der CSV Martine Hansen erkläert.
„Mir hunn ebe festgehalen, dass mer géifen de Premierminister opfuerderen, de gesetzleche Kader z'adaptéieren, fir dass déi Missiounen, déi am Gesetz festgeschriwwe sinn, kënnen erfëllt ginn. An dass déi Recommandatiounen, déi d'Historiker gemaach hunn, och berécksiichtegt ginn.“
Zu dëse Recommandatioune gehéiert emol virop, dass Archivisten déi ganz Dokumenter anstänneg uerdnen a katalogiséieren. Déi engagéiert Historiker haten zwar domat ugefaangen, ma déi Aarbecht ass nach längst net ofgeschloss, esou de Marc Baum vun déi lénk.
„Wat si virun allem gemaach hunn, ass: Si hu probéiert, e bëssen Uerdnung dranzekréien an hunn awer selwer och gesot, dass et warscheinlech nach lauter Dokumenter ginn, déi si net konnte consideréieren, well se nach ëmmer iergendwou an iergendwelleche Këschte leien, wou net kloer ass, sinn et Doublonen oder sinn et wierklech nei Informatiounen. An dat muss geschéien, ier ee wierklech ka seriö dru schaffen.“
Der Martine Hansen no wier och schonn en Archivist fir dës Aufgab beim Geheimdéngscht engagéiert ginn. Eng weider Recommandatioun vun den Historiker ass déi, fir d'Period vum kale Krich komplett opzeschaffen an d'Donnéeë vum SREL mat deenen aus den Archive vun zum Beispill Arméi a Gendarmerie ze verbannen. Bis dat neit Gesetz gestëmmt ass, däerfen awer op kee Fall Dokumenter zerstéiert ginn. Och net, wann dës sollten duebel existéieren, esou nach d'Prezisioun vun den Deputéierten.