Bilan Croix RougeSozial a psychologesch Konsequenze vu Covid

RTL Lëtzebuerg
Wärend der Kris hätt een och positiv Erfarunge gemaach. Et hätt ee gesinn, wéi déi ganz Gesellschaft sech mobiliséiert huet a Solidaritéit gewisen hätt.
© RTL Archiv

Wéinst den neie Contrainten duerch de Covid huet och d'Croix Rouge sech hei zu Lëtzebuerg missen upassen. D’Hëllefsorganisatioun huet e Mëttwoch en nationale Bilan gezunn. Un éischter Stell mécht se op déi sozial a psychologesch Konsequenzen opmierksam, déi d’Kris an de nächste Méint a Jore wäert hunn.

Bilan Croix Rouge - Reportage Chris Meisch

Wéi vill anerer, hunn d'Fräiwëlleger an d'Kollaborateure vum Roude Kräiz sech missen am Mäerz d’lescht Joer reorganiséieren. Engersäits, fir d'Sécherheet vun den Ekippen an de Leit, déi op hir Servicer ugewise sinn, ze garantéieren. Anerersäits, fir de Besoine vun de Bierger weiderhi gerecht ze bleiwen.

Bei der Croix Rouge war een e Mëttwoch houfreg driwwer, datt an alle Beräicher eng Kontinuitéit gelonge wier. Den Direkter vun der Croix Rouge, Michel Simonis:

"Do muss ee soen, dass d'Croix Rouge dovu profitéiert hunn, dass ma eigentlech zanter Jore schonn eng Strategie hunn, wou ma eis staark informatiséiert hunn. Eis Leit konnten eigentlech weider schaffen, souwuel d'Leit, déi um Terrain aktiv waren an déi natierlech als Handwierksgeschier och ee Computer brauchen, déi konnte vun Doheem schaffen. An do muss een och soen, obwuel ma net op déi dote Situatioun virbereet waren, dass ma eigentlech eng ganz gutt Resilience haten an eis ganz Mechaniken eigentlech weider fonctionéiert hunn, trotz der Kris."

Nieft de normalen Aktivitéite war d'Rout Kräiz virun allem mat der Ëmstellung vum Rehabilitatiounszenter zu Kolpech beschäftegt. Vu datt Spideeler zäitweis praktesch zou waren, gouf de Centre zu Kolpech quasi an enger "Nacht und Nebel Aktion" an ee Coronafleegezenter ëmstrukturéiert. Fir d'Spideeler weiderhin z'entlaaschten an de Patienten déi néideg Behandlungen ze garantéieren, ass et antëscht nees eng Reha-Klinick.

Eng vun den Aktivitéite vum Roude Kräiz ass Bluttspend. War d’Demande nach zeréckgaangen, wéi zejoert, wou an de Spideeler manner operéiert gouf, sou gëtt d’Demande elo erëm méi grouss. Nach eemol de Michel Simonis:

"An eigentlech grad an der Kris si ganz vill Leit komm, mir hunn am Moment bësse méi eng flau Zäit, mir sinn de Moment also ganz frou, wa Bluttspender sech un eis riichten, och nei Bluttspender, dir wësst dass ma all Joers quasi Dausend bis 15 Honnert nei Bluttspender brauchen. Dat bleift also wichteg an et mierkt een och, dass Spideeler am Moment erëm ganz staark ufänken Therapien ze maachen an och ze operéieren, de Besoin vu Blutt-Produiten ass also ganz héich, sou dass ma do och eng Erausfuerderung hunn, déi mir eigentlech de Moment och gutt gerecht ginn."

E weidere rezente Projet vum Roude Kräiz ass eng Wunnstruktur zu Weiler fir Leit aus prekäre Situatiounen déi gesondheetlech Problemer hunn. Nadine Conrardy, Responsabel fir déi sozial Servicer:

"Dat ass e Projet zesumme mat Médecins du Monde an déi och ënnerstëtzt ass vum Ministère de la Santé, wou een einfach och mierkt, dass d'Gesondheet mol un éischter Stell ass a wann een déi gesondheetlech Problemer geléist kritt, da kann een déi aner och villäicht een nom anere sortéieren. Dat heescht wann een éischtens mol seng Gesondheet kann en Charge huelen, zweetens wann een Daach iwwert dem Kapp huet, da kann een no an no probéieren seng Situatioun ze regulariséieren."

Et hätt ee bei der Croix Rouge och Situatiounen, déi ee misst opfänken. Kanner a Jugendlecher waren deels vun hire soziale Strukturen ofgeschnidden. A Servicer wéi „Psy-jeunes“ hätt ee gréisser Waardelëschten, wou ee sech mobiliséiere misst, fir op déi Besoinen anzegoen. Am Kanner- a Jugendberäich misst ee sech an den nächste Méint a Jore méi staark engagéieren, fir de Suitte vun der Krise gerecht ze ginn.

Wärend der Kris hätt een awer och positiv Erfarunge gemaach. Et hätt ee gesi wéi d'ganz Gesellschaft sech mobiliséiert huet a Solidaritéit gewisen hätt. Vill Bierger a Servicer hätte sech Benevollen ugeschloss, fir dem Roude Kräiz ënnert d'Äerm ze gräifen. Et géing een an Zukunft vill Wäert ob Zesummenaarbecht vum Gesondheet- a Sozialsecteur setzen a souwuel intern wéi extern mat anere Servicer zesummeschaffen.

Back to Top
CIM LOGO