PoliceSouwuel Privatpersounen, wéi och Caféen a Baren, hu sech net u Mesurë gehalen

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem goufen zu Bieles eng 50 Leit ugetraff, déi sech beim Danzen net un d'Mesurë gehalen hunn.
© Police

Bei de Caféen a Bare war et meeschtens de Fall, datt si hire Betrib ze laang ophaten oder awer och net déi gesetzlech Virschrëften agehalen hunn, déi geholl goufen, fir d'Verbreede vum Virus ze ënnerbannen.

Nieft der Party zu Bieles e Samschdeg goufen e Sonndeg och zu Nidderkuer ze vill Leit op enger Privatparty ugetraff. D'Police huet d'Party opgeléist an de Leit, déi do waren, e Protokoll geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO