Serie WGen - Deel 2Solidarescht WG-Wunnen am Neiduerf

Monique Kater
An eiser Serie iwwer d’Wunngemeinschaften an d’Cafés-Zëmmer kucke mer op d'asbl Life, déi dem Monique Kater ee vun hire ronn 20 WG-Projete gewisen huet.

“Hues de héieren, de Misch wunnt ewell an engem Cafés-Zëmmer...?!”  Wann esou eppes an der Noperschaft oder am Duerf Bistro gezielt gëtt, heescht dat gemenkerhand näischt Guddes! Well mat engem Cafés-Zëmmer ginn direkt emol 2 Critèren associéiert: do liewe Leit, déi sech keng normal Wunneng méi kënne leeschten an da gi se vläicht och nach vun engem Proprietär ausgenotzt, well d’Zëmmer vill ze vill kascht, fir dat wat et ass...! Dacks ass dat effektiv de Fall!

An eiser Serie iwwer d’Wunngemeinschaften an d’Cafés-Zëmmer fuere mer vun Esch, wou mer en Dënschdeg waren, an d’Stater Neiduerf, wou d’asbl LIFE dem Monique Kater ee vun hire ronn 20 anere WG-Projeten gewisen huet. Et si Wunngemeinschaften an deene virun allem d’Solidaritéit grouss geschriwwe gëtt.

Serie WGen - Deel 2: Solidarescht WG-Wunnen am Neiduerf

Jessica: “ech sinn d’Jessica, ech liewe mat mengem Frënd a mat mengem Bouf hei, an engem Zëmmer vu 26 m2. Am Fong liewe mer relativ gutt, mir hunn alles zur Verfügung wat mer brauchen, mir sinn hei mat Locatairen, mat deene mer super eens ginn. Jiddereen bedeelegt sech un allem... am Fong ass et ewéi eng kleng Famill déi zesumme lieft... och wa mer eis am Fong friem sinn.” 

D’Jessica fillt sech wuel hei am Neiduerf. Duerch Zoufall, nëmme well eng Assistante Sociale hir vun dëser Wunngemeinschaft op der Kalchesbréck gezielt huet, wier si gewuer ginn, dass et dës “aner” WG gëtt. En zesumme Wunne mat Kichen, Stuff a Buedzëmmer, déi ee sech deelt. De Proprietär huet d’Haus, an deem ënnena Büroe sinn, komplett frësch gemaach an d’asbl Life geréiert déi verlounten Zëmmer op deenen zwee anere Stäck.

D’Zil vun dësem Label ass en duebelt: méi Colocatioun, also Zëmmer a Wunngemeinschaften op de Lëtzebuerger Immobiliëmarché bréngen, erkläert de Gary Diderich, hien ass responsabel fir de WG-Projet, fir deen dann nach en anert Wuert spillt: Solidaritéit...

Gary Diderich:“Zesumme wunnen, eens ginn, mam Nieweneffekt Käschten ze reduzéieren doduercher. A mir maachen dat just dann, wann et fir eis am Kader vun enger gewësser Abordabilitéit ass, dass et bezuelbar ass fir d’Leit. A mir setze Solidaritéitsmechanismen en place: et ass net jidderee fir sech, niefteneen an engem Zëmmer, d’Leit musse gewëssen Decisiounen zesummen huelen, wéi se hir Chargen asetzen, wéi en Internet se huelen...”

Wann e Locataire e Problem mat enger administrativer Saach huet, kann e sech un d’asbl wenden, an awer bleift d’WG autonom. Op där anerer Säit ass de Proprietär rassuréiert, erkläert de Gary Diderich.

Gary Diderich:“Wa mir en Ausfall hu bei de Locatairen, wat mer seelen nach haten, mir hu gutt Locatairen, da musse mir iwwert e Reserve-Fong deen deels iwwer d’Chargen alimentéiert gëtt, zum Deel vun de Subside vum Logementsministère, well mer als Gestion locative sociale konventionéiert sinn, an dee Fong ass duerch Donen a Subsiden alimentéiert. Dat heescht, da musse mir dat opfänken – dat ass de Plus, deen de Proprietär huet.”

Jessica:"ech krut gesot mir kéinten hei sinn ewéi bei engem normalen Appartement, wou mer dann och eise Kontrakt hunn an esou; natierlech mat deem Klenge krute mer dann awer gesot, dass et besser wier mir sichen awer, fir dass hien herno awer säin eenzelt Zëmmer huet, well et dono mat deem Alter deen en huet, vläicht méi kritesch kéint sinn.”

Um Enn bleift, wann een dem Jessica nolauschtert, eppes hänken: et ginn also och Cafés-Zëmmer an Haiser, déi anstänneg sinn an an deenen et sech liewe léisst. Den Haaptcritère wier, dass een an enger WG wéilt wunnen, erkläert eis de Mann vu Life, si hätte méi Demande wéi Plazen a géingen d’Leit och an Haiser orientéieren, wou se vun hirer Situatioun hier am beschten era passen.

Back to Top
CIM LOGO