LiewensmëttelsécherheetSoja-Zoosse mat Glasstécker am Ëmlaf

RTL Lëtzebuerg
Et ass z'evitéieren, fir déi genannte Produiten ze konsomméieren, well soss am schlëmmste Fall mat interne Blessuren ze rechnen ass.
© Division de la sécurité alimentaire / SIP

Wéi d'Liewensmëttel matdeelt, géif et a 6 Soja-Zoosse vun der Mark "Suzi Wan" bei verschiddene Produiten e Risk vu Glasstécker ginn, déi sech am Contenu befannen. Sollten dës kleng Stécker ofgeschléckt ginn, riskéiert een, sech intern Verletzungen zouzezéien. Dës Zoosse sollen a sëllege Supermarchéen an aner Verkafsplazen an der Vente stoen.

Sollt een ee vun de genannte Produiten, wéi ënnen detailléiert beschriwwen, besëtzen, gëtt natierlech geroden, d'Zooss net ze consomméieren.

Hei alleguerten d'Detailer vun de Produiten, déi riskéieren, Glasstécker ze beinhalten

PDF: Infoen a Fotoe vun de concernéierte Produiten

Back to Top
CIM LOGO