Viraussiichtlech 2026, wann de Bau zu Esch/Rammerech ofgeschloss ass. Dat hat den Direkter vum CHEM eis en Dënschdeg confirméiert an erkläert, datt si an engem Joer scho wëllen eng provisoresch Ëmweltklinik a Containeren hannert dem Nidderkuerer Spidol opmaachen. Akut - den Aktiounsgrupp fir Ëmwelt-Toxikologie begréisst, dass seng Fuerderung vun engem Spidol, wou Krankheeten, déi duerch Schuedstoffer, Stralen oder soss Belaaschtungen depistéiert a behandelt kënne ginn, no zwee Joerzéngten endlech Realitéit gëtt. An dach bleiwen nach eng Rei Froen op.
Zum Beispill Froen iwwert déi provisoresch Ëmweltklinik, déi schonn Enn 2020 hir Dieren a Containere beim Nidderkuerer Spidol opmaache soll. Dass dat elo esou séier soll goen, begréisst d'Asbl Akut, ass awer skeptesch, ob betraffe Patienten hei an engem schuedstofffräie Kader kënnen empfaange ginn.
Marielle Hilgert vun der Akut Asbl"Mä déi Container sinn normalerweis prefabrizéiert. Dir hutt jo null Impakt dorop, wat do als Material verschafft ginn ass. Dat heescht an esou enger clean unit, do muss virdrun fir d'éischt gekuckt ginn: dat Material, ass dat an der Rei?"
Den Neibau muss no ganz bestëmmte Critèren oflafen, wéi d'Marielle Hilgert vun Akut erkläert.
Marielle Hilgert:„Déi Klinik, déi muss no baubiologesche Krittäre gebaut ginn. Dat heescht, all Materialien, déi do utiliséiert géinge ginn, musse ganz kloer gepréift ginn op d'Gesondheet vun de Leit. Déi Leit, déi do an der Klinik sinn, kënnen net duerch d'Entrée vun enger Haaptklinik goen, déi musse schonn eng getrennt Entrée hunn. D'Loft, dat muss eng Ventilatioun sinn, déi just fir déi Unitéit geduecht ass an dann zum Beispill och d'Botzmëttel an der Klinik, déi sinn normalerweis mat vill Desinfectant a ganz schaarf, do muss gekuckt ginn, dass déi Patiente Botzmëttel kréien, déi se zum Beispill och verdroen."
Bedenken, déi net fondéiert wieren, heescht et vum Direkter vum CHEM. Dëst wiere speziell Container, déi och fir Crèchen oder mobil Operatiounsraim genotzt géife ginn. Déi 1,2 Milliounen deier Containere vun der Ëmweltklinik géifen ofgetrennt vum Spidol hannert der Cafeteria opgeriicht ginn.
Dr. Hansjörg Reimer, Direkter vum CHEM"An dat sinn awer ganz speziell Containeren, déi och grad, wat Crèchen oder Operatiounsraimlechkeeten ubelaangt, ganz speziellen Ufuerderunge musse genügen. An där hu mer organiséiert, sou dass do och en Zertifikat besteet an déi mer och clean kënne maachen."
Fakt ass awer och, datt d'Nidderkuerer Spidol Asbest enthält a sanéiert muss ginn. Esou Aarbechte stéingen awer déi nächst Joren net um Programm.
Dr. Hansjörg Reimer "Esou laang, wéi do keng weider Ëmbaumoossname gemaach ginn, ass do keen Asbest. Dat heescht, et ass keng Belaaschtung, weder fir de Patient nach fir deen, deen do schafft. Dat hu mer ganz kloer moosse gelooss."
Och déi Gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché ass frou, datt d'Lëtzebuerger Ëmweltklinik endlech konkret gëtt. Si hätt awer gären an der Santéskommissioun en Abléck an de Kierchbierger Projet kritt a wëll an enger parlamentarescher Fro un de Gesondheetsminister wëssen, firwat déi permanent Kommissioun vum Spidolssecteur keng Positioun zu deenen zwee Projete wollt huelen. Esou, datt d'Entscheedung iwwert den Zouschlag um Enn beim Etienne Schneider louch.
Josée Lorsché vun déi Gréng"Dat anert ass eben déi Transparenz, déi mer elo ebe froen, fir ze wëssen, wat de Grond ass vum Refus vun deem anere Projet, dee jo dann anscheinend hätt sollen um Kierchbierg entstoen."
Firwat elo d'Südspidol den Zouschlag fir dëse Projet krut an net d'Klinik um Kierchbierg, déi méi séier hätt kënne fäerdeg sinn, an nieft där et e Park gëtt, ass allerdéngs net kloer. Eng definitiv Ëmweltklinik hätt hei schonn 2021 kënnen opgoen. An engem Bréif huet den Etienne Schneider der Klinik um Kierchbierg d'lescht Woch kuerz a knapp matgedeelt, dass hire Projet net zeréckbehale gouf. De Gesondheetsminister stoung bis ewell net fir en Interview zur Verfügung.