ZeienopruffSelz-Baastenduerf: Liwwerwon sträift Auto a fiert virun

RTL Lëtzebuerg
Eng Jeep an een oppene Liwwerwon krute sech mat de Säitespigelen ze paken. De Chauffer vum Liwwerwon ass doropshin einfach weidergefuer.

En Donneschdeg de Moien koum et géint 07.35 Auer zu dësem Verkéiersaccident. Déi wäiss Jeep an de roude Liwwerwon hu sech do liicht ze pake kritt. Well de Chauffer vum Liwwerwon net stoe bliwwen ass, konnt et zu kengem Gespréich tëscht den zwee Fuerer kommen.

Warscheinlech ass de Liwwerwon ee Firmenauto vun enger Baufirma. De Chauffer, dee weider gefuer ass, an eventuell Zeie solle sech bei der Police vun Dikrech a Veianen mellen. Um Telefon ënnert der Nummer 244801000 oder iwwer Email op police.diekirchvianden@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO