Och Lëtzebuerg betraffALVA rifft "Nutrilon PROfutura 1" zeréck

RTL Lëtzebuerg
Iwwer LU-Alert huet d'Administration Luxembourgeoise Vétérinaire et Alimentaire eng Alerte Orange erausginn. A Frankräich si schonn zwee Kanner gestuerwen.
Dëse Produit gëtt zréckgeruff
© RTL

Och Lëtzebuerg ass vun der weltwäiter Réckruffaktioun vu Puddermëllech betraff. Déi Responsabel vun der Liewensmëttelsécherheet hunn e Samschdeg eng orange Alert rausginn wéinst enger bestëmmter Zort Nutrilon-Mëllech. Uganks des Mounts ware scho Produite vun Nestlé an deem selwechte Kontext zréckgezu ginn.

Hannergrond ass, wéi ënnert anerem a Frankräich an an der Belsch och, eng Veronrengegung mat toxeschem Cereulid. D’Substanz kann Duerchfall, Krämp an Iwwerginn bei de Puppelcher ausléisen. Nestlé, Danone a Lactalis hunn op der ganzer Welt scho misse grouss Chargë vu Puddermëllech zréckzéien. D’Contaminatioun léisst sech, wéi et ausgesäit, op een an dee selwechte chineesesche Liwwerant vu sougenanntem ARA-Ueleg zeréckféieren, deen en zentrale Bestanddeel vu Puddermëllech ass.

A Frankräich waren Uganks Januar zwee Neigebuerener, déi grad emol e puer Wochen al waren, gestuerwen, nodeems se vun de concernéierter Mëllech vun Nestlé gedronk haten. A béide Fäll ass eng onofhängeg Enquête amgaang. Fir de Moment konnt awer nach kee Lien tëscht dem Dout vun de Bëbeeën an der Mëllech etabléiert ginn.

E Freideg hat déi franséisch Santésministesch betount, antëscht wieren all déi suspekt Dousen um franséische Marché zeréck gezu ginn. Un d’Elteren, déi hire Kanner Puddermëllech ginn, war et den dréngende Rot, doheem ze kontrolléieren ob d’Produiten, déi se kaf hunn, an der Rei sinn an net vum Rappel concernéiert sinn.

Zeréckgeruff gëtt d’Puddermëllech fir Puppelcher Nutrilon PROfutura 1 vun der Mark Nutricia, well hei méiglecherweis Cereulid kéint am Produit ze fanne sinn, dat duerch de Mikroorganismus Bacillus cereus produzéiert gëtt. Dëse Produit gouf a méi Geschäfter am Land verkaf.

Hei d’Detailer zum Produit:

  • Name: Nutrilon PROfutura, 1 (Säuglingsanfangsnahrung)
  • Marke: Nutricia
  • Einheit: 800 g
  • Barcode: 8718117612352
  • Mindesthaltbarkeitsdatum (MHD): 19-08-2027
  • Losnummer: 2027.08.19

All weider Detailer stinn op LU-Alert.lu.

Back to Top
CIM LOGO