Déidlechen Accident tëscht Boxer an EeselbuerSchuedenersatz an Héicht vu 650.000€ net erofgesat

RTL Lëtzebuerg
Op der Cour d'appel an der Stad blouf et e Mëttwoch am zivilrechtleche Volet vum Prozess ëm en déidlechen Accident am Oktober 2014.

Tëscht Boxer an Eeselbuer ass d'Verkéiersongléck geschitt. Wéinst Akommesverloscht gouf e Schuedenersatz an Héicht vu 650.000€ fir d'Wittfra vum Affer gefrot. Den Affekot vum Verurteelten hat ugefrot, dass dee Montant op eppes méi wéi 475.000 € sollt erofgesat ginn.

De Mann war op strofrechtlechem Plang zu 6 Méint Prisong mat Sursis, enger Geldstrof vun 2.500 € an engem Fuerverbuet vu 4 Joer, 3 dovu mat Sursis, condamnéiert ginn. Den Automobilist hat deemools am fréien Owend zwee Motocyclisten iwwersinn, wouvun een net méi laanscht den Auto koum. Den 43 Joer ale Motocyclist war liewensgeféierlech verwonnt ginn an zwee Deeg drop un de Blessure gestuerwen. Zum Zäitpunkt vum Accident hat de Chauffer 1,1 Promill Alkohol am Blutt.

Back to Top
CIM LOGO