Auto géint BamSchroen Accident op der N10 tëscht der Doosber Bréck a Maarnech
Kuerz no 16 Auer koum et op der Héicht vu Maarnech zu engem schroen Accident mat engem Blesséierten.
Schroen Accident op der N10
Kuerz no 16 Auer koum et op der Héicht vu Maarnech zu engem schroen Accident mat engem Blesséierten.
En Automobilist war an enger Lénkskéier kuerz viru Maarnech vun der Strooss ofkomm a krut e Bam ze paken. Den Opprall war relativ hefteg an de Rettungshelikopter gouf geruff. De Chauffer war am Auto ageklemmt ginn.
Op Nofro bei der Police koum d’Confirmatioun, dass de Chauffer am Auto schwéier blesséiert ginn ass. Hie koum mam Helikopter an d’Spidol.
D’Streck war fir gutt 2 Stonne komplett fir den Trafic gespaart, betraff war d’N10 selwer wéi och den CR326. Eng Deviatioun iwwert den CR342 iwwer Housen, Rouderssen gouf ageriicht.
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.