EnseignantsgewerkschaftenSchoul no der Chrëschtvakanz? Claude Meisch huet op Regierungsrot verwisen

Lynn Cruchten
D’Enseignantsgewerkschafte sinn an der Videokonferenz déi se mam Educatiounsminister Claude Meisch haten, nach keng weider Detailer gewuer ginn.
Enseignantsgewerkschafte goufe näischt Konkretes gewuer
Kritik gëtt et awer vun der Gewerkschaft, well et onkloer wier, op wat d'Regierung hir Decisioune géif baséieren, esou de Raoul Scholtes vun der Feduse.

Et ass och also fir si nach net kloer, wéi et no der Chrëschtvakanz mam Schoulhale soll virugoen. De Minister hätt op de Regierungsrot vum nächste Méindeg verwisen, wou eben Decisioune solle geholl ginn. D’Hoffnung géif bestoen, dass d’Infektiounszuelen bis Enn der Woch nach géifen erofgoen an deemno keng Ännerungen néideg wieren. Sollt et awer zu engem Lockdown Ugangs Januar kommen, géif fir eng Zäit en allgemengen Homeschooling gëllen an net eng Verlängerung vun der Chrëschtvakanz.

Back to Top
CIM LOGO