Eng obligatoresch Quarantän bei der Arees, zouen Hoteller, zoue Restauranten, domadder fält Éisträich als Wantersport-Destinatioun bis Enn Februar quasi flaach, nëmmen Éisträicher selwer wäerte vun den oppene Lifter a Piste profitéiere kënnen.
En änlech Bild an der Schwäiz. Do sinn esouguer d'Hoteller op, mä nach steet Lëtzebuerg op der rouder Lëscht, wat eng streng Quarantän bei der Arees mat sech bréngt.
An Däitschland sinn d'Hoteller an d'Lifter emol bis Enn Januar zou. D'Schigebidder sinn a priori op, kënnen awer punktuell gespaart ginn, wann ze vill Betrib ass. Den däitsche Lockdown wäert zimmlech sécher verlängert an eventuell verschäerft ginn.
A Frankräich sinn Hoteller a Schipisten op, bei der Arees ginn et fir Awunner vun aneren EU-Staate kaum Restriktioun, mä en ëmfaassende Couvrefeu an zoue Lifter maachen eng Schivakanz nëmme wéineg attraktiv.
Fir Italien da kënne mir Iech wonnerbar Dronen-Opnamen vu wierklech onberéierte Wanterlandschafte weisen. Hei ass vun Hoteller bis Schipisten ganz einfach alles zou, d'Saison quasi ofgesot.
Am Resumé: déi klassesch Skidestinatioune kann een, Stand haut, fir déi nächst Wochen ofhaken.

D’Reesbüroen hunn nëmmen nach eng kleng Hoffnung, wéi de Fernand Heinisch vun der Union Luxembourgeoise des Agences de Voyages (ULAC) erkläert: “Et muss een dëst Joer warscheinlech op de Wantersport verzichten. Mä well vill Schnéi dorëmmer läit, hoffe mir op Enn Mäerz, Ouschteren, wat och eng flott Saison ass fir Schi ze fueren. D’Deeg si méi laang, an et läit immens vill Schnéi... Et wär eng wonnerbar Schisaison mat deem gudde Wieder, mä bon, leider ass et net esou...”
Schivakanze gi meeschtens direkt am Hotel gebucht, gehéieren domadder net zu den Haaptaktivitéite vun de Reesagencen, mä och hei huet ee gemierkt, dass d'Clienten méi virsiichteg waren, a manner Wantersport reservéiert hunn wéi déi Jore virdrun.
Iwwerhaapt ass et an de Reesbüroen am Moment zimmlech triste: wéineg Aarbecht, eidel Schreifdëscher. Wann eppes gebucht gëtt, da sinn et Reesen an d'Sonn: Kanaren, Madeira, Dubai, Maldiven.
Déi wéineg Clienten reservéieren donieft ganz kuerzfristeg: “Clienten, déi um Méindeg buchen, fir Enn vun der Woch fort... Et ass extrem kuerzfristeg. Mir sinn natierlech frou, fir all Client, dee kënnt. Mä et ass op esou engem nidderegen Niveau, et kéint een am Fong schonn zënter engem Joer kräischen”, esou de Fernand Heinisch.
D'Reesagencen hoffen elo op en "Happy Summer", fir dann d'Verloschter vum Wanter- a vum Fréijoersgeschäft ze kompenséieren.