Coronavirus zu LëtzebuergSanté gëtt just nach Zuele vu Residenten: Vun 5.922 Tester waren der 51 positiv
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 51 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Dat fir de 26. August. Et goufe 5.922 Tester vu Residente gemaach.