Rue Émile Mark zu DéifferdengSamu am Asaz no Accident mat E-Scooter

RTL Lëtzebuerg
Beim Accident en Dënschdeg de Moie gouf RTL-Informatiounen no eng Persoun blesséiert.
En Dënschdeg de Moie waren d'Secouristen an der Rue Émile Mark zu Déifferdeng am Asaz, nodeems ëm kuerz no 8 Auer een Accident mat engem E-Scooter an engem anere Gefier war.
© Domingos Oliveira / RTL

De Samu war op der Plaz an RTL-Informatiounen no huet de Chauffer vun der E-Trottinette mat schwéiere Blessure missen an ee Spidol ageliwwert ginn.

Back to Top
CIM LOGO