Gréisser AlkoholkontrollRonn 300 Automobilisten hu misse blosen, 8 Permise goufen agezunn
Zu Rouspert, Iechternach, Beefort, Gréiwemaacher an um Potaschbierg goufen op Uerder vum Parquet an der Nuecht op e Samschdeg Alkoholkontrolle gemaach.
Am Ganze goufen ëm 300 Chaufferen ugehalen a getest. An 18 Fäll war den Test positiv, 8 Fürerschäiner goufen nach op der Plaz agezunn.