
Schätzungen no liewen den Ament ronn 13.000 Persounen am Grand-Duché, déi u Kriibs erkrankt sinn. All Joer gëtt bei ëm 3.000 Leit eng Kriibsdiagnos festgestallt. Donieft gëllt dës Krankheet als zweetheefegst Doudesursaach bei eis am Land. Dowéinst ass et wichteg, déi betraffene Patienten an hir Leit weiderhin ze ënnerstëtzen an d'Awunner ze sensibiliséieren.
De 4. Februar, um Weltdag géint de Kriibs, wäert d'Fondation Cancer wéinst der aktueller sanitärer Lag zwar nëmme symbolesch an alle Lëtzebuerger Spideeler vertriede sinn, ma trotzdeem wëlle si ee Message un d'Patiente bréngen: Si sinn net eleng.
Méi Informatiounen iwwert den internationalen Dag géint de Kriibs, Ënnerstëtzung fir betraffe Leit, d'Kriibsfuerschung an d'Fondatioun fannt dir um Site vun der Fondation Cancer.
LINK: Hei fannt Dir alleguerten d'Reportagë vum Radio zum Weltkriibsdag
Zanter engem knappe Joer dominéiert virun allem de COVID-19 déi medezinesch Aktualitéit. Vergiess ginn awer ganz vill aner Problemer a perséinlech Schicksaler, well och 2020 bleift de Kriibs Haapt-Doudesursaach bei de Männer an ass eng just eng Plaz hannendru bei de Fraen. Um Weltdag géint de Kriibs huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert, zesumme mam Dr Guy Berchem vum nationale Kriibsinstitut e Joresrapport presentéiert.
Konkret goung et dorëms, d'Chifferen, d'Fakten an d'Hannergrënn vun de Kriibserkrankungen, ewéi och d'Verleef aus de leschte Jore besser ze dokumentéieren an z'erfuerschen.
Virun allem d'Kriibsversuergung hätt sech an de leschte Joren am Grand-Duché staark verbessert – bei der Prise en charge hätt ee weider grouss Fortschrëtter gemaach, esou de Bilan en Donneschdeg vun der Ministesch. Et wéilt ee sech an Zukunft bei der Bekämpfung vum Kriibs och op internationalem Niveau positionéiere kënnen. Genee hei soll d'Preventioun eng grouss Roll spillen, esou d'Paulette Lenert: "Nieft der Prise en charge, nieft der Recherche, nieft der Kompetenz, déi mer hei wëllen opbauen, ass d'Preventioun e grousst Thema. D'Experte si sech eens, datt e grousse Prozentsaz, ëm déi 40%, vun de Kriibserkrankunge kéinten evitéiert ginn. Dat gëtt engem als Gesondheetsministesch ze denken."
Primär geet et hei ëm de Verzicht vum Konsum vu Risiko-Produiten, ewéi eng schlecht Ernierung, Tubak oder Alkohol. Am Grand-Duché kéint ee 27% vun de Kriibserkrankungen direkt op d'Fëmmen zeréckféieren. Besonnesch heefeg sinn hei Longen- a Blosekriibs. Secondaire géif et drëms goen, méi frei ze testen. Bis elo hätt een do grouss Fortschrëtter gemaach, esou den Dr Guy Berchem, President vum Kriibsinstitut: "Hei gesäit een zum Beispill, datt 2016 31 Daarmspigelunge gemaach goufen no engem positive Stullgank-Test. 2017 waren et der schonn 255, 2018 629. Dat geet ganz kloer an d'Luucht. Doduerch hu mer eng Rëtsch Polyppe fonnt, éier se zum Kriibs goufen. Mir hunn awer och 73 etabléiert Kriibse fonnt."
All Joer erkranken eng 2.000-3.000 nei Leit u Kriibs am Grand-Duché – dat si bal 8 Persounen den Dag. 1.100 Persounen d'Joer iwwerliewen d'Erkrankung net. Bei de Männer dominéiert virun allem de Prostatakriibs – esou heescht mëttlerweil all 4. Diagnos. Duerno komme Longekriibs mat 17% an Daarmkriibs mat 11%. Bei de Fraen dominéiert virun allem de Broschtkriibs – iwwert en Drëttel vu Frae mat Kriibs kréien dës Diagnos.
D'Pandemie hätt bis ewell vill Leit dovunner ofgehalen, an hir Depistage ze goen: "Dat ass e Problem. Mir hu gemierkt, datt verschidden Tumeuren, wann ee se fonnt huet, vill méi grouss waren ewéi soss. Dat ass immens Schued." Et wier leider schwiereg, eppes direkt dorunner ze änneren, well d'Leit dacks Angscht hätten, esou nach de Spezialist. Ma et misst een de Risk mam méigleche Schued ofweien.
Mat 4 Milliarden Euro wëll d'Kommissioun géint Kriibs virgoen. Geplangt si Preventiounscampagnen, besseren Zougang bei der Virënnersichung an d'Finanzéierung vun der Erfuerschung vun neien Therapie-Méiglechkeeten, dëst an alle Länner an der EU. Haaptsächlech am Oste géifen nach ëmmer vill manner Leit Zougang zu preventive Behandlungen hunn, hei géifen als Konsequenz och vill méi Persoune par Rapport zu der Gesamtbevëlkerung Kriibs kréien.
Bis 2030, esou d'Zil, soll ënnert anerem kee méi Gebärmutterhalskriibs kréien. 90 Prozent vu jonke Fraen an och däitlech méi Männer sollen an deem Kader och géint Papillomvire (HPV) geimpft ginn. Beim Longekriibs ass et Bréissel virun allem wichteg, mat Campagnë géint den Tubak virzegoen. Hei wëll een a Richtung vu 5% vun de Leit goen, déi nach fëmmen. Haut sinn et 25%. Ma am Fokus steet och den Alkoholkonsum, deen e grousse Facteur fir Kriibs ass, esou d'Kommissioun weider. Grouss aschneidend Ännerungen dierften hei awer net kommen, well Wäin an aneren Alkohol Deel vum „europäesche Liewensstil“ wier.
Der Kommissioun no hunn am Joer 2020 an der EU ronn 2,7 Millioune Mënsche Kriibs kritt, 1,3 Millioune Mënsche sinn dru gestuerwen. Kriibs ass um Wee déi heefegsten Doudesursaach an der EU ze ginn. Longekriibs ass déi heefegst déidlech Kriibserkrankung, bei Fraen ass et Broschtkriibs. D'Corona-Pandemie géif dann och negativ Repercussiounen op d'Behandlungen a Virsuerg vu Patienten hunn, esou d'Autoritéiten.
Méi Infoe säitens der EU-Kommissioun ginn et hei.
Iwwert den Dag verdeelt, stelle mer d'Lutte géint de Kriibs an de Mëttelpunkt vum RTL-Programm um Radio mat ënner anerem dem Temoignage vun enger Fra, déi eng Kriibs-Diagnose krut, der Wichtegkeet vum Télévie, dem Dr Guy Berchem, deen iwwert d'Kriibs-Recherche schwätzt, dem psychologeschen Encadrement vu Kriibs-Kranken an der Sensibiliséierungsaarbecht an der Ënnerstëtzung vun der Fondation Cancer.
|