D'Staatsfinanzen hu sech d’lescht Joer an dëst Joer schlecht entwéckelt. D'Recettë si méi schwaach, well d'Ekonomie manner dréint. Ma besonnesch d'Hausse vun den Depensë géing de budgetären Defizit méi grouss maachen. De President vum Conseil national des Finances publiques, de Romain Bausch, huet e Méindeg de Moien hei op RTL gesot, datt d'Depensen ëm 8,1% geklomme sinn, also 2,3 Prozentpunke méi ewéi virgesinn.
Et ginn Depensen, déi gutt sinn ewéi Investissementer, esou de Romain Bausch. D'Entwécklung vun den Depensë fir d'Paien an der Fonction publique, esou ewéi d'Astellungspolitik beim Staat, mee och aner Transferte fir d'Fonctionnement vum Staat wier awer "hefteg". De Finanzminister Gilles Roth huet an enger Circulaire e Plafond vu 4,5% Méiausgabe fir d'nächst Joer festgeluecht. Dorop ugeschwat sot de Romain Bausch: "Wann déi 4,5% herno am Budget 27 sech erëmfannen, dann ass dat eng wonnerbar Aarbecht, déi gemaach ginn ass".
De President vum Conseil national des Finances publiques sot, déi viregt an aktuell Regierungen hu vill gemaach, fir Krisen ze bekämpfen, mee: "de Problem ass just, datt mer Erausfuerderungen hunn, déi sech net muer wäerte verschwannen doen". De Romain Bausch huet de Logement, d'Defense an d'Veralterung vun der Populatioun genannt. "Et ass jo eppes gemaach ginn" sot hien awer och. Hien huet d'Pensiounsreform genannt, déi dann awer net wäit genuch geet. "Mir si leider an enger Zäit wou Moossnamen erfuerderlech sinn, déi net ganz populär sinn", esou de President vum CNFP.
De Romain Bausch huet bedauert, datt d'Staatsfinanzen an der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Luc Frieden virun 2 Woche keen Thema waren. Besonnesch well en Dënschdeg d'Tripartite wéinst de Konsequenze vun der Kris am Noen Oste weidergeet, wieren transparent a kohärent an aktuell Zuelen nëtzlech. Well d'europäesch Reegele geännert goufen, géing net méi am Fréijoer eng Aktualiséierung gemaach ginn. Et wier problematesch, eng Tripartite ze maache mat Zuelen, déi op d'lescht Joer zeréckginn.
Staatsschold a Steierreform
Obwuel de rezentsten Zuelen no – déi vum Statec – de budgetären Defizit d'lescht Joer bei 1,8 Milliard Euro louch an net bei 700 Milliounen Euro ewéi de Budget virgesinn huet, erfëllt Lëtzebuerg nach d'europäesch Reegelen. Et wier een nach am preventiven an net am korrektive Beräich. Dat selwecht gëllt fir d'Staatsschold, déi Eurostat no d'nächst Joer kéint iwwert der Mark vun 30% vum PIB leien. D'Krittäre vu Maastricht gesinn e Maximum vu 60% vir. 30% war eng politesch Limite, déi déi viregt Blo-Rout-Gréng-Regierunge sech ginn hate fir net ze verschwenderesch ze ginn.
De Romain Bausch ass awer der Meenung, datt Lëtzebuerg als oppen Ekonomie, déi ganz staark vun der Finanzplaz ofhänkt, besser hätt, méi virsiichteg ze sinn. Hien huet sech esouguer dofir ausgeschwat, den nationale Räichtum, den RNB, amplaz d'Wirtschaftsleeschtung, de PIB, als Referenz ze huelen. Irland géing dat scho maachen an am Fall vu Lëtzebuerg géing et wéinst de Spezifizitéite vum Land och Sënn maachen. Op de Commentaire, datt een net d'LSAP gebraucht huet, fir eng Strenzpolitik ze hunn, huet de President vum CNFP geäntwert, datt d'Krisemesuren net all mat der Strenz waren.
Wat d'geplangte Steierreform mat der Devise "méi netto vum brutto" fir jiddereen ugeet, huet hien effektiv bedauert, datt d'Géigefinanzéierung duerch d'Net-Upassung vum Barème un eng Rei Indextranchen d'Zuele vun de Staatsfinanzen "net wäert verbesseren". Staatsbudgeten an d'budgetär Programmatioun iwwer puer Jore gi bei "onverännerter Politik" opgestallt. Dat heescht, de Staat géing zwar bei 5 Indextranchen eng 600 Milliounen Euro de Steierzueler net zeréckginn, mee 600 Milliounen Euro sinn och iwwerhaapt keng Spuermesuren, well se och nach guer net als Ausgab virgesi sinn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.